Mir wellen Iech op eng Manif alueden, de
Freideg 29 Oktober em 18.00 Auer virun der
chinesecher Ambassade an der Stad (2, rue van der Meulen, L-2152 Luxembourg-Dommeldange) fir d’Fréiloossung vum Friedensnobelpréisdreeger Liu Xiaobo an dausenden anere Prisonnéier, déi a China wéint hierer Meenung an Iwerzeechung agespaart sinn, ze fuerderen. Mir ënnerstetzen zesumme mat Les amis du Tibet, acat Luxembourg an ALOS-LDH Amnesty International Lëtzebuerg, enner anerem well ënnert dëse Prisonnéier och Engagéierter am Ekologesche Beräich derbäi sinn. Et wär schéi, wa vill Leit bei dëser Manif derbäi wären.
...mehr